Gudde Moien, op enger fir mech relativ ongewinntener Plaz hei am Lycée de Garçons zu Esch.
Mir lancéieren haut den Débat iwwer Europa.
Dir kënnt Iech erënneren, am Oktober huet de Premierminister Jean-Claude Juncker et annoncéiert, och nom Referendum géif Europa een Thema hei zu Lëtzebuerg bleiwen. Mir misste weider iwwer Europa nodenken, mir misste weider iwwer Europa diskutéieren. Et bien, déi Diskussioun, deen Débat, deen natierlech sech net soll op Lëtzebuerg beschränken, mä deen europawäit soll gefouert ginn, dee fänkt och elo hei zu Lëtzebuerg un.
A mir hu gemengt et wier gutt wa mer dat net géifen am feutréierten Ausseministère maachen. Dir sidd ëmmer gewinnt, wann d’Ausseministere Pressekonferenze maachen, dat vum Ausseministère aus ze maachen. Mir hu gemengt, datt mer missten erausgoen, well den Débat iwwert Europa, dee féiert sech an der Gesellschaft, féiert sech mat de Leit dobaussen. Ech mengen eng Plaz wou effektiv och hei zu Lëtzebuerg villes sech décidéiert, villes entsteet, ass d’Schoul. An dofir soen ech dem Här Thill, dem Direkter vum Escher Lycée ee grousse Merci fir akzeptéiert ze hunn haut déi éischt Manifestatioun am Kader vun deem Débat hei a sengem Lycée mat organiséiert ze hunn.
Ech mengen et ass och ee Signal wat mer wollte ginn, éischtens ee Signal, wéi ech virdru gesot hunn, den Débat net a klenge Milieuen ze féieren, mä erauszegoen. Versiche bei d’Leit ze goen, bei déi Jonk ze goen, fir mat hinnen iwwer Europa ze diskutéieren, fir hir Meenungen, hir Kritiken, hir Ängschten, awer och hir Iddien, hir Virschléi, hir Hoffnungen iwwer Europa entgéintzehuelen. Dat ass den Zweck dovun.
Mir lancéieren haut dat wat mer nennen Europaforum. Europaforum ass net eng figéiert Struktur. Et ass eng oppe Plattform. Et ass eng Plattform wou jiddweree sech kann aklicken, wou jiddweree kann deelhuelen, wou jiddweree seng Meenung kann expriméieren, wou och d’Méiglechkeet besteet een Débat ze féieren, Froen ze stellen, Äntwerten ze kréien. Mir wëllen also keen Débat vun uewen erof ordonnéieren, inszénéieren. Mir wëllen effektiv, datt déi Leit, déi hei zu Lëtzebuerg sech fir Europa interesséieren, och zu Europa stinn an ech menge Lëtzebuerg huet nach ëmmer de groussen Avantage, datt eng grouss Majoritéit vu Lëtzebuerger verstanen hunn, datt et fir ons keng Alternativ zu Europa gëtt. Iwwer 60% vun de Lëtzebuerger stinn zur Europäescher Unioun, stinn och nach ëmmer zu enger Constitutioun, fir déi se gestëmmt hu mat enger däitlecher Majoritéit. Mä mir wëssen awer och, datt si heiandsdo kritesch zu deem Europa stinn, datt si wëlle méi gefrot ginn iwwert d’Zukunft vun deem Europa.
Deen Débat dee wëlle mer haut opmaachen, dee wëlle mer opmaache fir d’éischt mat der Jugend. Firwat ee Lycée? Firwat mat der Jugend? A vläicht och firwat hei zu Esch?
Éischtens, firwat mat der Jugend?
Mir hu gemierkt, och beim Referendum, no de Sondagen, datt d’Jugend beim Referendum, no de Sondagen, datt d’Jugend sécher och zu Europa steet. All Sondagë weisen, datt eng grouss Majoritéit vun deene Jonke fir Europa ass, sech fir Europa och interesséiert, mä awer gläichzäiteg ee kritesche Bléck op dat Europa geheit, well se oft mengen, dat weisen déi lescht Eurobarometeren, datt Europa eigentlech wéineg à leur écoute ass, op si ageet, hir Problemer ophëlt, hir Problemer verschafft, hir Problemer och a konkret europäesch Politik ëmsetzt. Ech mengen dat ass ee Signal dat mer eescht mussen huelen. Mä mir mussen natierlech deen Terrain vu muer, op deem Europa sech muss weiderentwéckelen, haut virbereeden. An deen Terrain ass fir d’éischt mol d’Jugend.
Et gëtt kee Weiderféiere vun engem ambitösen europäesche Projet ouni de Soutien vun de Bierger vu muer, vun de jonke Bierger vun haut, vun der Jugend.
Ech mengen, den Dialog mat der Jugend, d’Agliddere vum europäeschen Débat iwwerhaapt an d’Welt vun der Schoul, mä awer och an d’Welt vun der Aarbecht, an d’Welt vun der Formatioun, ass eng Nécessitéit méi wéi jee. Ech mengen, hei zu Lëtzebuerg, mä net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, hu mer deen Terrain an der Vergaangenheet négligéiert. Et ass net normal, datt Europa net déi Plaz och an de Programmen huet, an de Schoulprogrammen, deen Europa eigentlech misst hunn. Well Europa ass jo eng Dimensioun vun onsem Liewen, vun onser Zukunft. Mir hu vläicht zevill considéréiert, datt déi europäesch Integratioun, datt deen europäesche Projet eng Selbstverständlechkeet wier op där enger Säit, op där anerer Säit awer och eppes wat sech géif e bësse laanscht d’Bierger maachen. Well déi, déi dat jo maachen, jo wëssen am Endeffekt besser wat gutt fir d’Bierger ass.
Ech mengen hei krute mer, och hei zu Lëtzebuerg, eng Leçon. Mir krute gesot, halt, passt op, mir kënnen Iech net einfach méi esou op deem Wee nofolgen. Mir wëlle verstoen, mir wëlle mat diskutéieren, mir wëlle besser informéiert ginn, mir wëllen awer och kënnen ons Meenung soen.
An dat ass den Zweck vum Europaforum.lu, dat ass déi Plattform déi mer haut lancéieren an déi op ass fir jiddwereen, och fir déi déi kritesch sinn. Dat soen ech hei ganz kloer. Déi Plattform schléisst keen aus. Déi schléisst och net déi aus, déi Nee gesot hu beim Referendum.
Mä dat wat mer hoffen, dat ass datt deen offenen Débat, datt dee kriteschen Débat, datt deen demokrateschen Débat, dee mer och hei wëllen zu Lëtzebuerg als Deel vun onsem politesche Liewe gesinn, datt dee fair gefouert gëtt, mat objektiven Argumenter an ouni Polemik. Dat ass dat wat mer natierlech mussen erhoffen.
Den Europaforum, nach eng Kéier, ass keng Struktur, et ass net eng nei Organisatioun wou erëm déi nämlecht Leit sech erëmfannen, déi schonn op villen anere Plaze sinn. Et ass d’Struktur fir jiddwereen, fir all déi Leit déi wëllen un deem Débat deelhuelen a mengen och hei eng Contributioun ze ginn.
Ech hu gesot hei zu Esch am Lycée - verschiddener kéinte mengen, datt dat ass well ech viru méi wéi 30 Jor mol eemol hei an deem Lycée war. Dat ass awer net de Fall. Dee Lycée ass ons conseilléiert gi vun der Educatiounsministerin, där ech och besonnesch Merci soen, esou wéi och hire Collaboratricen, déi hei sinn, der Madame Bamberg an der Madame Pundel, déi direkt ee positivt Ouer hate fir déi Initiative, fir d’Schoule mat an deen Débat anzebezéien.
Esch ass awer och eng vun deene Stied déi Nee gestëmmt hunn, massiv Nee gestëmmt hu, beim Referendum. Ech ka mech erënneren, wéi mer den Débat an der Chamber haten iwwert d’Constitutioun, do hunn ech gesot, mir kommen zréck op Esch. Mir wäerten iwwerall, och do wou d’Leit kritesch sech zu Europa expriméiert hunn am Referendum, dat net einfach esou stoe loossen. Mir wëllen och mat de Leit weider diskutéieren, op hir Kritik, mä awer och op hir Ängschten, hir Suergen déi si mat Europa verbannen, agoen. Et ass nëmmen esou, datt mer Europa op engem feste Buedem, och hei zu Lëtzebuerg, kënnen halen. Et ass net andeem mer dat ignoréieren, andeem mer doriwwer ewechginn, andeem mer net mat de Leit schwätzen, andeem mer net op d’Leit aginn, datt mer kënnen och hei zu Lëtzebuerg Europa eng sécher a fest Zukunft bereeden.
Voilà, dat ass also e bëssen dat wat mer menge wat deen Europaforum soll sinn: eng oppe Struktur, een Diskussiounsforum.
Wéi soll dat elo ausgesinn? De Programm, mir hu kee figéierte Programm nach. Et si verschidden Elementer déi mer elo zesummebrénge fir ee Programm progressiv ze constituéieren. Dee Programm muss sech och e bësse vum selwe constituéieren. Mir hunn an deenen nächste Woche weider Gespréicher mat alle Forcen, Gewerkschaften, Patronat, aner ONGen, fir sech an deen Débat do anzereien, fir mat an deem Débat do ze participéieren.
Mir hunn awer besonnesch nach eng Kéier ee Wäert drop geluecht fir mat der Jugend ze dialogéieren, fir mat der Jugend ze schwätzen. Dofir gëtt déi Presentatioun direkt suivéiert vun engem éischten Evenement.
En éischt Evenement, wou eng 150 Schüler wäerte participéieren un engem Débat iwwer Europa. Si hunn deen Débat virbereed. De Point de départ iwwregens vun deem Débat ass ee konkrete Projet - a vläicht kënnt Dir Här Direkter kuerz dorop agoen herno - ass ee Projet deen net eleng an dësem Lycée realiséiert gëtt, mä zesumme mat zwee Lycéeën am Ausland, een aus Rumänien an een aus Éisterräich. Dat weist also, datt mer net en Débat vun uewen imposéieren, Sujeten imposéieren, mä datt mer eigentlech probéieren op konkret Froen, op konkret Sujeten, wou och déi Jonk sech domat beschäftegen an der Schoul, mä awer och an hirem deegleche Liewen, fir op déi anzegoen an déi opzegräifen.
Ech hunn an deem leschten Eurobarometer gesinn, datt ee vun de grousse Sujeten, eng vun deene groussen Iddien déi eigentlech déi Jugendlech un Europa unzitt, d’fräi Bewegung, d’Fräiheet ass an Europa ze reesen, ze studéieren, ze schaffen. Dat ass och ee vun de Sujeten dee mer haut diskutéieren, vun deem mer eigentlech haut ausginn.
Konkret Sujeten, hunn ech gesot. Mir wëllen net een abstrakten Débat iwwer Europa féieren. Mir wëllen op déi Sujeten agoe wou mer mengen, datt eigentlech do ganz oft de Schong dréckt.
Mir kommen aus engem groussen Débat iwwert d’Bolkesteindirective, déi eigentlech eng ganz Rei vu Susceptibilitéiten, vun Inquiétudë kristalliséiert huet, deen awer och gewisen huet, datt et an Europa elo eng politesch Organisatioun gëtt, déi et méiglech mécht een Débat demokratesch ze tranchéieren, am Europaparlament. Also och kloer gewisen, datt d’Europäer eng Représentatioun hunn, déi net insensibel ass op dat wat si denken, op dat wat si fillen, op dat wat si expriméieren, demokratesch expriméieren. Et bien, dat ass d’Démarche déi mer och wëllen an deem Europaforum féieren. Sujeten opgräifen déi konkret sinn, Sujete wou mer mengen, datt mir Lëtzebuerger an Europa eppes kënne bréngen, datt mir awer och kënne vun Europa eppes kréien.
Mir hu vill kritt vun Europa. Mir hunn awer och Europa munches bruecht. Ech mengen, deen Débat dee solle mer och mat de Leit féieren, fir kloer nach eemol ze weisen, datt et fir ons keng Alternativ zu deem Europa gëtt.
Konkret Sujeten. Een dovun ass dat sozialt Europa, déi sozial Dimensioun vun Europa, dee soziale Modell vun Europa. Wat ass en? Wat ass en hei zu Lëtzebuerg? Ass en a Gefor? Wat musse mer eigentlech maachen als Lëtzebuerger, mä awer och gemeinsam als Europäer, fir dee Sozialmodell ze consolidéieren an eng Welt vu Globaliséierung eranzebréngen, wou e kloer weist, datt et wahrscheinlech besser ass oft an Europa krank ze sinn, an Europa ze studéieren, an Europa ze liewen, wéi op aner Plazen an der Welt. Déi Solidaritéit vum europäesche Modell, ech mengen dat ass ee vun deene groussen Themaen wou ee muss konkret drun erugoen a kucke wou hei eing ganz Rei vu Saache vläicht verbessert musse ginn, mä awer een essentielt Element ass op déi och d’Leit hei zu Lëtzebuerg net wëlle verzichten.
Mä Europa ass net nëmmen ee Sozialmodell. Europa, fir dee Sozialmodell ze halen, muss och eng nei Dynamik entwéckelen. An déi Dynamik, déi ass natierlech um wirtschaftleche Plang, déi ass um Plang vum Wëssen. Mir sinn hei an enger Schoul, do wou eigentlech d’Basë geluecht ginn, och fir d’Zukunft, fir datt d’Europäer sech an där globaliséierter Welt kënne behaapten. An och mir Lëtzebuerger mussen ons méi mat deene Froen, wat d’Schoul, wat d’Formatioun, wat d’Oppenheet zur Gesellschaft, zur Welt, wat och d’Oppenheet zur Wëssenschaft ubelaangt. Dofir ass wahrscheinlech och ee vun den Themen, déi mer méi wëllen opgräifen, dee vun der Formatioun an Europa, dee vun der Mobilitéit vun de Studenten, deen och vun der Recherche, der Mobilitéit vun de Chercheuren och vu Lëtzebuerg aus an Europa. Dat ass also och ee Feld wou mer zesummen natierlech mam Minister vun der Recherche wëlle kucke wéi een hei kann een Débat awer och eng nei Motivatioun hei zu Lëtzebuerg ka generéieren.
Mir mengen, datt Europa net nëmmen abstrakt oder rationell muss approchéiert ginn. Europa brauch och e bësse méi Gefill. Europa brauch och erëm méi Identifikatiounskapazitéit. D’Europäer, d’Lëtzebuerger musse sech, esou wéi se sech mat Lëtzebuerg mussen identifizéieren an och identifizéieren, musse sech och méi mat dem europäesche Projet identifizéieren. Dat ass eng Gefillssaach. Dat ass eng Saach vu Symboler. Dat ass eng Saach vu Bezéiung zu deem europäesche Projet.
An Europa nobréngen iwwert gewëssen Themen, heescht awer och Europa als Gefillssaach nobréngen, als geschichtlech Erfahrung, als geschichtleche Projet, als kulturelle Projet. Ech mengen, d’Kultur huet an deem Sënn och eng grouss Wichtegkeet.
An deem Sënn wëlle mer och eppes méi maache fir den 9. Mee. Vill Leit froe sech firwat den 9 Mee, wann ech dodriwwer schwätzen. An ech versti se. Vläicht hätt ech mer déi Fro och vrun enger Zäit gestalt. Den 9. Mee ass een Europadag a kee weess, datt en eigentlech stattfënnt. Mir mussen also probéieren och d’Leit drop opmierksam maachen, datt mer als Europäer Member vun enger Gemeinschaft sinn, datt mer Symboler deelen an net nëmmen eng gemeinsam Währung, mä méi wéi eng gemeinsam Währung, och gemeinsam Wäerter, eng Appartenance zu enger Kollektivitéit. A ronderëm den 9. Mee wëlle mer dëst Joer, a besonnesch och d’nächst Joer, wou mer 50 Joer Traité de Rome wäerte feieren, méi organiséieren, d’Leit méi unzéien, méi interesséiere fir sech am Endeffekt fir Europa z’interesséieren.
Voilà, e puer Iddien iwwert den Europaforum, iwwert de Programm.
Leschte Punkt, wat ass de Vehikel vun deem Forum. De Vehikel sinn natierlech Réunioune wéi déi, déi haut stattfënnt hei am Escher Lycée. Mir wäerten eng Rei vun ähnleche Réunioune bis zum Enn vum Joer duerchféieren an anere Lëtzebuerger Schoulen. Réuniounen awer och op anere Plazen, sief dat an der Chamber, ech mengen d’Chamber wëll natierlech och un dësem Projet participéieren. Sief dat awer och an aneren Institutiounen, wéi zum Beispill zesumme mat dem Conseil économique et social, deen och bereet ass gewësse Manifestatiounen iwwer sozialwirtschaftlech Froen, déi sech an Europa stellen, gemeinsam mat ons ze maachen, mat der Universitéit, mä awer och mat de Chambres professionnelles, déi schonn eng ganz Rei vu gutt Aarbecht maachen um europäesche Feld.
Réuniounen déi ëmmer op si fir d’Bierger, déi net sollen ënner verschlossenen Diere stattfannen, mä déi op si fir all déi, déi wëllen nolauschteren, déi wëlle participéieren, déi wëllen hir Meenung soen, déi wëllen och hir Contributioun zu deem Débat bréngen.
Leschte Punkt ass dee vun engem Vehikel op deen een net haut des Dags méi ka verzichten, besonnesch déi Jonk gebrauchen en all Dag. Ech gesi meng eege Kanner all Dag vrum Computer andeem se chatten, andeem se kucke ginn um Internet.
Mir hunn ee Site Internet a kierzester Zäit op d’Bee gesat, deen et ons erlaabt Informatiounen ze ginn iwwert den Europaforum, iwwert all dat wat hei passéiert. Mä awer och net nëmmen fir Informatiounen ze ginn. Mir wëllen eigentlech och Informatioune kréien. Dofir ass et een interaktive Site. Mir wëlle lauschtere wat Iech interesséiert, mir wëlle Suggestioune kréien, mir wëllen déi Themen diskutéieren, déi Iech, déi d’Leit, jonk oder manner jonk, interesséieren an déi si wëllen débattéieren.
Dofir ass dat ee Site deen eng Rei vun Informatioune wäert ginn iwwert d’Organisatioun vun de Manifestatiounen déi mir plangen, mä awer och iwwert Manifestatiounen déi anerer plangen, déi an der Gesellschaft geplangt sinn, déi sech wëllen am Kader vum Europaforum inséréieren.
Mir wëllen awer och all Kritik, all Suggestioun, all Iddi ophuelen. Mir wëllen och reproduzéieren, dat wat an deene verschiddene Foren diskutéiert gëtt, wéi zum Beispill dat wat mer de Mueren hei zu Esch am Lycée diskutéieren. Dat soll net einfach verpuffen, verschwannen. Dat soll no bausse bekannt sinn, et soll accessibel sinn, et soll nei Iddien, nei Diskussioune suscitéieren.
Et ass eng Dynamik u sech déi mer wëllen haut provozéieren an ech hoffen, datt dat ons geléngt. Et geléngt ons wann d’Leit matmaachen, wa mer et fäerdeg bréngen d’Leit ze interesséieren, ze motivéiere matzemaachen, hinnen nozebréngen, datt et eigentlech ëm hir Zukunft, ëm hir Situatioun och geet an datt hir Stëmm zielt, datt hir Meenung zielt.
Do muss ech och ee lescht Wuert soe fir d’Press. Ech mengen, d’Press ass een indispensabele Lien mat der ëffentlecher Meenung. Mir zielen also och op Iech, net fir einfach ze rapportéieren, net fir einfach ze reproduzéieren, mä fir, géif ech soen, deen Débat, dee mer wëlle breet an oppen, datt Dir deen amplifiéiert an och Är Contributioun dozou drot.
Ech soen Iech am viraus villmols merci, an nach eng Kéier merci dem Direkter, datt hee bereed war déi kleng Aventure, déi mer haut aginn, matzemaachen. Mä ech mengen, dee gudde Wëllen dee bewise ginn ass vun all deenen déi heibanne matgeschafft hunn, den Educatiounsministère wéi gesot, d’Schoul, de Centre Informatique de l’État an esou weider, datt dat ee gudde Point de départ ass, fir datt deen Débat hei zu Lëtzebuerg, deen en Deel ass vun deem europäeschen Débat, datt deen eng Réussite wäert ginn an och ee Stéck dozou bäidréit Europa méi opzemaachen, méi transparent ze maachen a méi no bei de Bierger ze bréngen.
Merci.