Am Jongelycée zu Esch-Uelzecht wor den 22. Februar eng méi lass. Den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit huet an enger Pressekonferenz de Journalisten den Europaforum.lu virgestallt, een neie Forum fir eng Nationaldebatt iwwert Europa an duerno wor eng éischt grouss Diskussiounsronn mat ronn 150 Schüler vun 2e an 12e aus de Lycéeën aus dem Süden vum Land: Lycée technique Nic. Biever vun Diddeleng (www.ltnb.lu), Lycée technique Mathias Adam vu Péiteng (www.ltma.lu), Lycée technique Esch-sur-Alzette (www.lte.lu), Lycée de garçons (www.lge.lu), Lycée Hubert Clément (www.lhce.lu).
Déi éischt hallef Stonn hunn zwou Klasse vu 4e aus dem LGE zesumme mat Gläichalteregen aus Partnerschoulen aus Sibiu (Rumänien) a Stainach (Éisterräich) e gemeinsame Projet iwwert Migratiounen an Europa virgestallt, dee sech am Kader vum EU-Austauschprogramm "Comenius" ofspillt. Dës flott Präsentatioun kënnt dir ënnen op dësem Site eroflueden.
Den delegéierten Ausseminister huet direkt kloergestallt, datt hie komm wier "fir deene Jonken nozelauschteren an op hir Froen a Bemierkungen anzegoen, mee op kee Fall fir laang Rieden ze halen". D’Escher Buergermeeschtesch Lydia Mutsch huet sech gefreet festzestellen, datt den Europaforum am LGE ugefaang huet, also am Süden, do wou d’Leit dat lescht Joer am Referendum ganz kritesch gestëmmt hunn. "’t ass eng gutt Iddi mat Leit ze diskutéieren déi eng staark Meenung hunn", huet si gemengt.
Duerno wor et dem jonke Publikum säin Tour. Den Denis Scuto, Historiker, a Moderateur vun der Diskussionsronn huet et begréisst bei dësem Event dobäi ze sinn an déi Jonk invitéiert offen an ouni ze zécke matzemaachen. Hien huet och gläich d’Wuert weiderginn un d’Schüler.
Ee ganz präsent Thema dat schonns bei der éischter Wuertmeldung däitlech opkoum wor d’EU-Osterweiderung. Wuel wier et verständlech, gouf gesot, wann d’Länner aus dem Osten, déi laang ënnert der Fuchtel vun der Sowjetunioun waren, schnell an d’EU wéilten, aus wirtschaftlechen, politeschen, sozialen mee och aus Grënn vu (militärescher) Sécherheet.
Eng Schülerin huet awer gemengt, dat wier alles "e bësschen ze séier gaangen, well d’Ënnerscheeder tëschent Osten a Westen sinn op sozialem Plang nach eenorm [...] an duerch d’Erweiderung gi lauter europäesch Firmen sech an den Osten etabléieren fir do méi bëlleg ze produzéieren, wat dozou féiert datt eise Chômage an d’Luucht geet".
Des Weidere sot d'Kim et misst ee sech gutt iwerleeën op d’Tiirkei an d’EU sollt kommen oder nët? Der Tiirkei Konditiounen ze stelle wier absolut wichteg a richteg. Hatt wéilt dat Land net perséinlech ugräifen, mee do wieren zimlech grouss reliéis, kulturell a politesch Ënnerscheeder an d’Fro vun der gedeelter Insel Zypern wier nach iwwerhapt net geléist, do wieren nach Krichszoustänn. Derzou kéim, datt d’Mënscherechter, speziell och d’Rechter vun de Fraen, nach laang net anstänneg genuch géife respektéiert ginn. Och d’Zoustänn an de Prisongen, wou d’Folter agesat géif, wieren net akzeptabel. "Wa mier jo een Europa wëlle ginn, eng Gemeinschaft also, am Fong ee Land, dann ass dat net méiglech wann net iwwerall déiselwecht Gesetzer herrschen an d’Mënschen net iwwerall d’selwecht respektéiert ginn."
De Yannick huet gemengt, datt d’Tiirkei jo nëmmen zu 10 Prozent europäesch wier, geografesch gesinn, an datt eng Memberschaft vun esou engem risege Land Problemer mat sech brénge kéint, zum Beispill wann et ëm Entscheedunge geet am EU-Ministerrot oder ëm d’Zuel vun de Sëtzer am Europaparlement.
Den Eric wollt wësse "firwat mir als europäesch Bierger eigentlech guer net gefrot goufen déi Länner bei äis opzehuelen? Et huet jo awer immens vill Influenz op äis Wirtschaft an äis Kultur?" Duerfir huet hie sech gefrot "firwat mer als Vollek net gefrot ginn, wa mer fir vergläichbar onwichteg Saache wéi d’Konstitutioun gefrot ginn? D'Cathy huet him geäntwert mir hätten jo Volleksvertrieder gewielt déi stellvertriedent ofgestëmmt an decidéiert hätten. "Insofern si mir jo och gefrot ginn" huet hatt gemengt.
Den Denis Scuto huet bemierkt, datt direkt Demokratie, wéi am Referendum, an Parlamentarismus, wéi an der Chamber, zwou ganz ënnerschiddlech Aarten a Weise vun demokratescher Entscheedung wieren.
De Ben huet sech zu Wuert gemellt, zu engem ganz aneren Thema: "Dir hutt geschwat vun de gemeinsamen Interessie vun der europäescher Unioun. Do misste mer vläicht awer och kucke fir e gemeinsame Standpunkt vis-à-vis vum Rescht vun der Welt ze vertrieden. Et geet net, datt 2 oder 3 Länner de Vereenegte Staate vun Amerika Recht ginn, an déi aner net [… ] mee mer mussen un engem gemeinsame Strang zéie fir e gemeinsame Standpunkt duerchzesetzen".
Den Nicolas Schmit huet gesot, dat wier op jiddfer Fall d’Roll an d’Zil vun där gemeinsamer Aussepolitik vun der EU, och wann dat nach net ëmmer de Fall wier. Wat d’Osterweiderung ugeet, huet den delegéierten Ausseminister zougestan, datt de Problem vun den Delokalisatioune vun Betriber an Aarbechtsplaze schonns reell wier, datt awer an der Globaliséierung esou e Phénomène iwwer Europa eräus weltwäit Konsequenzen hätt, déi déi eenzel Länner an Europa mnet méi eleng léise kënnten an duerfir am kader vun der EU, mat vereenter Kraaft a gréisserem Afloss, Léisunge siche mussen.
Wat d’Tiirkei ugeet stellt sech, dem Nicolas Schmit no, d’Fro vun de Grenze vun Europa, an dës Fro kann am Endeffekt nëmme mat den EU-Bierger zesummen eng Äntwert fannen. Am Fall vun der Tiirkei, wéi an anere Bäitrëttsverhandlungen, sinn d’Mënscherechter an déi europäesch Wäerter iwwerhaapt, fundamental wichteg Elementer.
Iwwer Hëllef a Solidaritéit ass zimlech intensiv vun dene Jonken diskutéiert ginn an et wor nach laang net all Mënsch enger Meenung. Verschiddener hu gesot et wier wichteg, deenen neien EU-Staaten ze hëllefen, esou datt och si sech kéinten op den Liewensniveau vum Westen eropschaffen.
"Mir hunn déi nei Länner opgeholl fir hinnen ze hëllefen wéi westlech Länner ze ginn", sot de Rom, "och wirtschaftlech, mee da gesäit een aawer esou Länner wéi Däitschland a Frankräich, déi grouss Defiziter hunn a mega grouss Problemer mat Chômage [...]" Hie freet weider firwat Europa net fir d’éischt seng eege Problemer léist an déi vu sengen ale Memberstaaten ier versicht gëtt deenen Neien ënnert d’Äerm ze gräifen?
Eng Schülerin huet deem entgéintgehalen, datt d’Memberschaft an der EU wierklech hëllefe kéint an huet Irland als Beispill ginn, ee Land deem et viru sengem Bäitrett zimlech schlecht gaangen ass a wat duerch déi europäesch Hëllef en héijen Niveau erreecht huet andem seng Bevölkerung eng vill besser Liewensqualitéit huet wéi virdrun. "Irland kann elo anere Länner hëllefen, a vläicht kënnen d’Ostblockstaaten elo eng ähnlech Evolutioun matmaachen a si kënnen duerno och anere Länner hëllefen, wat jo awer ee Virdeel ass".
Wuel sinn dës Bemierkunge gutt ukomm, mee gläichzäiteg ass awer och festgehal ginn, datt d’Immigratioun, déi jo duerch Bäitrëtter an Erweiderunge vereinfacht ginn ass, eng ganz Zuel vun anere Problemer mat sech bréngt. E puer Schüler hunn ervirgehuewen dee sozialen Aspekt vun der Immigratioun wier total wichteg an et géif vill zevill Exklusioun ginn.
Een anere jonke Mënsch huet gemengt et wier keng esou eng gudd Iddi fir eise Wuelstand mat aneren ze deelen ; hie géif dat elo emol soen, och wann hien sech domatter net géif beléift maachen. Hie wier houfreg Lëtzebuerger ze sinn a wéilt deenen Aneren net onbedengt ee Stéck matginn, zumols am Bezuch op déi nei Länner.
Verschidde vu senge Kollegen hunn doropshin geäntwert et wier net denkbar an net méiglech fir Lëtzebuerg, a fir jidder Eenzelnen eleng do ze stoen. Wuelstand sollt een deelen, an och Lëtzebuerg hätt seng Interessien no baussen. Schliesslech géife mir bei Wäitem net alles selwer produzéiere wat mir bréichten. Lëtzebuerg kéint an dierft sech net isoléieren.
Esouguer Hëllef no baussen, iwwer d’Grenze vun Europa ewech an op aner Kontinenter ass allgemeng als eng gutt Saach ugesi ginn, well esou eng Solidaritéit hëlleft d’Aarmut ze bekämpfen a verhënnert, datt déi aarm Länner sech ierjendwann eng Kéier radikal géint déi Räich dréinen.
Datt Europa e Friddens- an e Wuelstandsraum ass, wor Ville kloer. Duerfir huet et och net verwonnert, datt vill Leit an Europa erawëllen. Mee esouguer an deem Europa selwer ginn et Ängscht an Onsécherheeten. De Laurent sot et géif vill Léit déi fäerten datt d’Bolkestein-Direktiv de sozialen Dumping hei provozéiert an datt de Chômage doduerch iwwerall méi grouss gëtt. Elo hätten d’Europadeputéiert déi Direktiv jo anscheinend entschärft. Seng Fro wor "op dat Ganzt net nëmme Kosmetik wor".
Den delegéierten Ausseminister huet geäntwert, datt dëse Sujet vun den Déngschtleeschtungen viru 15 Joer nach absolut onkontrovers gewiescht wier, mee datt dat zënter der Erweiderung an ee ganzt anert Liicht geréckelt. De Minister huet den Ënnerscheed tëschent dem Hierkonftsland an dem Destinatiounsland erklärt an de Moderateur huet d’Beispill an d’Diskussioun bruecht vun engem polneschen Daachdeckerbetrib deen zu Lëtzebuerg schaffen wëllt. Deen muss sech nom neien Text iwwert d’Servicer un d’lëtzebuerger Sozialbestëmmungen a Gesetzer halen, an net wéi Ufanks virgesinn un déi Virschrëften déi a sengem Heemechtsland gëlen. Nom neien Text kann den auslännesche Betrib also deenen Entreprisen aus deem Land wou e wëllt higoen keng sougennant "onéierlech Konkurrenz" maachen an zu Schleiderpräise schaffen. Doriwwereraus, sou den Nicolas Schmit, huet d’Europaparlament bewisen, datt et dem europäesche Bierger seng Suergen héiert an och deementspriechend handelt.
Ee Schüler huet d’europäesch Verfassung ernimmt a gefrot op elo grad eng Denkpaus wier oder einfach nëmmen eng Paus? De Minister huet erklärt, datt se de Prozess vun der Ratifizéierung net ënnerbrach wier. Schliisslech hätte viru kuerzem eis belsch Noperen den text akzeptéiert an dëser deeg wir estland derbäi ze ratifizéieren. dat wieren dann emol 15 vu 25 Staten. um Schluss, wann all Länner hier Décisioun geholl hätten, misst een de Bilan maachen a weidergesinn.
Ganz sécher wor fir vill Schüler de spéidere Wee an d’Berufsliewen oder an ee Studium e wichtegen Themeberäich. "Mir kënnen an d’Ausland studéiere goen�? huet d’Marie bemierkt a wollt wësse wéi et sech erkläre léisst “datt an Europa, enger Gemeinschaft an engem gemeinsame Marché verschidden Diplomer zu Lëtzebuerg net unerkannt sinn a verschidde lëtzebuergesch Diplomer am Ausland net unerkannt sinn?"
Als Vertriederin vun der Edukatiounsministesch huet d’Karin Pundel erklärt, datt dëse Prozess, dee schonns viru villen Joer ugefaang gouf, ee schwierege wier, well ee mat den zoustännege Schoulautoritéite vun souvill Länner a Regioune misst eens ginn, mee datt ëmmer méi Léisungen am Sënn vun enger harmoniséierter Unnerkennung gemeinsam ausgeschafft géifen.
Zum Sujet vum fräie Persouneverkéier an Europa sot eng rumänesch Schülerin hire lëtzebuerger Kollegen a Kolleginnen dat heiten – an zwar vun engem ganz anere Bléckwénkel hier: "Was mich sehr beschäftigt ist, dass viele Rumänen ins Ausland gehen um zu studieren, weil es dort bessere Möglichkeiten gibt, aber dann bleiben sie dort und Rumänien bleibt ohne ausgebildete und qualifizierte Arbeitskräfte. Ohne diese Leute kann sich Rumänien nicht verbessern".
De Christophe Schiltz, e jonke Lëtzebuerger, deen elo um Europäesche Geriichtshaff (CJCE) op Kiirchbierg schafft an deen virun 4 Joer iwregens ee Member vum "Jugendkonvent" wor (enger Versammlung, déi sengerzäits och iwwert d’Verfassung matdiskutéiert huet), huet ënnerstrach, datt vill lëtzebuerger Entreprisen verzweifelt no Lëtzebuerger sichen, well si vill Sprooche schwätzen. "Déi Lëtzebuerger, déi am Ausland studéiert hunn an zeréckkommen mat enger Ausbildung a mat Erfahrung, déi se am Ausland gemaach hunn", sot hien, "déi si gefrôt". De Christophe huet zu Bruges um "Collège d’Europe" studéiert. Dëse Weekend fîert hien iwwrejens zréck dohinner fir e Futballsmatch tëscht sengem Studienjoergang an deem duerno, an fir ze feieren, an iwwerhaapt: fir de Kontakt nët ze verléieren.
Den Daniel Liebermann, en aneren jonke Mann, deen a sengem Liewen schons Erfahrunge mat Europa gemaach huet, an deen elo am Ministär vun der Economie schafft, sot hien hätt während sengem Studium e Joer op enger Uni a Polen, zu Natolin, an engem aneren "Collège d’Europe" verbruecht an hien wir iwwerrascht a frou gewiescht festzestellen, wéiwäit Europa ënnert de Studenten en Thema mee och een Zil fir jidfer Eenzelne gewiescht wär. Hien huet et och flott fonnt aner jonk Europäer kennenzeléieren mat deenen hien haut nach Kontakt huet.
An deemselwechte Kontext huet eng Schülerin hir Suerg matgedeelt iwwert "dee Moment wou d’EU-Auslänner, déi en Diplom hunn, heihinner kommen well se ugezu ginn vun deenen héije Salairen an hei d’Konkurrenz méi grouss gëtt an si déi éischt bescht Aarbechtsplazen ëwechhuelen".
Wat Ëmwelt- an Déiereschutz ugeet, haten di jonk Leit och eng ganz kloer Meenung. Een huet gemengt " mir sollte probéieren um Niveau vun den Ëmweltgesetzer op e gemeinsamen Nenner ze kommen a gemeinsam Richtlinnen, haaptsächlech an der Energiepolitik, ze schafen." Eng aner Schülerin wor och ganz kategoresch: "Mer hunn déi ganzen Zäit vu Menscherechter geschwat an ech fannen ët awer och wichteg fir iwwert den Déiereschutz ze schwätzen, well a verschiddenen europäesche Länner ginn d’Déiere behandelt wéi virun honnert Joer, an dat ass net an der Rei".
D’Zäit ass leider erëmgeflunn an no 2 Stonnen huet de Moderateur d’Diskussioun ofgeschloss andeems en déi Jonk gefrot huet wéi si d’Suite vun deem Dag, deem Austausch, geséichen?
De Minister hat schons ganz am Ufank an och an der Pressekonferenz gesot, hien wéilt nët datt déi sëllechen gudd Iddien, Froen a Bemierkungen einfach géifen um Enn vun der Débatt verpuffen. Den Denis Scuto huet sech deem ugeschloss an de Virschlag vum Publikum wor dunn, sämtlech Themeberäicher op den neien Internetsite ze setzen.
Dëse Rapport ass ee Versuch genau dat ze maachen. Villes gouf gesot, gefrot an ervirgestrach am LGE leschte Mëttwoch an d’Zäit huet et nët erlabt op alles anzegoen oder vollstänneg Äntwerten ze ginn. Duerfir invitéiert d’Rédaktioun vum europaforum.lu déijéineg, déi wëlle weidermaachen, hir Meenung nët op d’Säit ze leen, mee hier Kommentairen iwwert de Site ze maachen.
Den delegéierten Ausseminister huet wëlles, esou wéi hien dat versprach huet, äer Bäiträg als Material mat an aner Schoulen, an aner Geschpréichsronnen matzehuelen. Dovunner profitéieren är Kollégen aus deenen aneren Lycéeën. Dir hutt op jidfer Fall eng formidabel Viraarbecht geleescht.
An 2 Wochen ongeféier wäert de Site vum europaforum.lu och eng Blogfunktioun kréien, duerch déi dir a mir weiderdiskutéiere kënnen. Mir freeën eis elo schon op äert Matmachen.
Den Nicolas Schmit gëtt dat, wat hien héieren a geléiert huet, och an e Bericht eran, deen hien dem Regierungsrot méi spéit am Joer virleet.
Wat déi versprache Belounung ugeet, déi ee vun äre Proffen spontan virgeschloen huet, näemlech eng Visite an d’Institutiounen op Stroossbuerg, sou ass dat net op daf Ouere gestouss. Den Här Direkter Thill vum LGE huet esou eng Initiativ direkt den Dag selwer begréisst a seng Ënnerstëtzung zougesot. Mir hoffen, datt déi aner Schoulgebäier och esou réagéieren an mir vum europaforum.lu hëllefen och mat.
PS : Ee grousse Merci un den Direkter Lucien Thill, den Direkter adjoint Nico Decker, d’Enseignanten an d’Schüler souwisou, mee och e spézielle Merci dem Hä Aulner fîr den technesche Volet an de Leit vun der Kantin.
Net ze vergiessen, déi Schüler déi extra fir eis alleguer gutt Musek gespillt hunn. Mir hoffen de MELOMANIA den 23. Owes wor e verdéngten Erfolleg.
Eis Unerkennung och un den Denis Scuto, deem seng Roll keng einfach wor, mee deen där ganzer Diskussioun eng flott Dynamik ginn huet an d’Participanten begleet huet, matt vill Sympathie an ouni irgendéen dobäi ze stressen.